Nationalfeierdag 2024 - Virowend (2024)

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc huelen d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

22. Juni 2024

Relève vun der Garde virum Palais

D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag fänken den 22. Juni un, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi participéiert, an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant Drees Nnganyadi.

Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.

  1. ©Armée luxembourgeoise / Marie De Decker

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (1)
  2. ©Armée luxembourgeoise / Marie De Decker

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (2)
  3. ©Armée luxembourgeoise / Marie De Decker

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (3)
  4. ©Armée luxembourgeoise / Marie De Decker

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (4)
  5. ©Armée luxembourgeoise / Marie De Decker

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (5)

D'groussherzoglech Koppel zu Kielen

Am Kader vun de Festivitéite vun dësem Joer fiert déi groussherzoglech Koppel op Kielen, am Kanton Capellen am Weste vum Land.

Hei gi si virun der Museksschoul "Am Pavillon" vum Chamberpresident Claude Wiseler, vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, vum Finanzminister, Gilles Roth, vum Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen, Félix Eischen, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot empfaangen. De Wilhelmus gëtt vun der Fanfare vu Kielen gespillt.

No enger musikalescher Virféierung vun de Schüler vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) huelen de Groussherzog an d'Groussherzogin um Devoilement vum Konschtwierk "Ech war dobäi" deel, dat speziell fir dës Geleeënheet vum Kënschtler Jacques Schneider entworf gouf.

Bei enger zweeter musikalescher Virféierung trieden 350 Schüler op, an déi groussherzoglecher Koppel huet d'Geleeënheet op ronn drësseg verschiddene Stänn, déi am Schoulhaff vum Schoulgebai installéiert goufen, Vertrieder vu lokalen Associatiounen ze treffen.

D'Visitt vun der groussherzoglecher Koppel geet mat engem Gespréich mat Residentë vum Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) zu Enn.

  1. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (6)
  2. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (7)
  3. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (8)
  4. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (9)
  5. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (10)
  6. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (11)
  7. ©Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (12)

D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht

Um Virowend vu Nationalfeierdag, besichen den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin hirersäits d'Festlechkeeten zu Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad am Land.

D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt op der Place de la Résistance vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez, dem Sportsminister Georges Mischo, dem Escher Buergermeeschter Christian Weis souwéi dem Schäffen- a Gemengerot besteet.

Nom dem offiziellen Empfang gëtt eng Gerbe beim "Monument aux Morts" néiergeluecht. Duerno ginn den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin zesumme mat engem offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss bis op d'Gemeng, wou si op der offizieller Tribün Plaz huelen, fir den Defilé vun ongeféier véierzeg Escher Veräiner nozekucken.

No der Receptioun, déi vun der Stad Esch-Uelzecht organiséiert gëtt, gréisst déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Bevëlkerung vum Balcon vum Stadhaus ("Hotel de Ville") aus. Dono geet d'Koppel weider op d'"Place de l'Hôtel de Ville" fir um Escher Volleksfest deelzehuelen an d'Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten unzemaachen.

  1. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (13)
  2. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (14)
  3. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (15)
  4. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (16)
  5. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (17)
  6. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (18)
  7. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (19)
  8. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (20)
  9. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (21)
  10. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (22)
  11. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (23)
  12. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (24)
  13. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (25)
  14. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (26)

Ried vum Premierminister

Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, mécht de Premierminister Luc Frieden seng traditionell Usprooch.

Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg

Géint der Owend huelen de Groussherzog an d'Groussherzogin, begleet vum Ierfgroussherzog a vun der Ierfgroussherzogin, dem Prënz Félix, dem Prënz Louis an dem Prënz Sébastien un de Festlechkeeten an der Stad Lëtzebuerg deel.

Déi groussherzoglech Famill gëtt vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, an dem éischte Schäffe Maurice Bauer empfaangen. No der Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot hëlt d'groussherzoglech Famill op der offizieller Tribün Plaz, déi virun der Gemeng op der Place Guillaume II installéiert ginn ass, fir de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch ze suivéieren.

Um Fakelzuch participéiere eng grouss Unzuel vu Veräiner. De Cortège besteet aus Pompjeeën, Guiden a Scouten, souwéi Percussiounsgruppen, Museks-, Gesang- a Folklorveräiner a vill weider Associatiounen a Veräiner aus der Stad.

Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Feierlechkeete vum 22. Juni gëtt et e Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt a 17 Minutten dauert. Dat Ganzt ënnert der Begleedung vun enger musikalescher Kompositioun vum Pol Belardi, interpretéiert vum Pol Belardi, Jérôme Klein an Niels Engel.

  1. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (27)
  2. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (28)
  3. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (29)
  4. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (30)
  5. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (31)
  6. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (32)
  7. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (33)
  8. ©Maison du Grand-Duc

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (34)
  9. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (35)
  10. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (36)
  11. ©MGD / Claude Piscitelli

    Nationalfeierdag 2024 - Virowend (37)

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Nationalfeierdag 2024 - Virowend (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Ray Christiansen

Last Updated:

Views: 6218

Rating: 4.9 / 5 (69 voted)

Reviews: 84% of readers found this page helpful

Author information

Name: Ray Christiansen

Birthday: 1998-05-04

Address: Apt. 814 34339 Sauer Islands, Hirtheville, GA 02446-8771

Phone: +337636892828

Job: Lead Hospitality Designer

Hobby: Urban exploration, Tai chi, Lockpicking, Fashion, Gunsmithing, Pottery, Geocaching

Introduction: My name is Ray Christiansen, I am a fair, good, cute, gentle, vast, glamorous, excited person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.